Research

Menu

Back

Choose Language

May 29, 2024

Bilboard

BILBoard Juni 2024 – Ass et elo fir Equity-Investisseuren un der Zäit, op Europatour ze goen?

Eng Studie huet erausfonnt, datt Amerikaner.innen, déi dëse Summer gär dem Taylor Swift seng rekordverdächteg Eras-Tournée gesinn, besser hätten, dofir an Europa ze kommen. Duerch déi nach ëmmer onangeneem iwwer dem Zilwäert leiend Inflatioun an der Federal Reserve hir Haltung a Richtung nach méi laangfristeg méi héijen Zënssätz, déi dem Dollar Opdriff gëtt, gëtt et a gewësse Fäll méi bëlleg, si an Europa optrieden ze gesinn – esouguer wann een de Fluch an d'Iwwernuechtunge mat akalkuléiert [1]. Dat ass nëmmen eng kleng Anekdot, déi weist, wéi déi unhalend ekonomesch Stäerkt scho kéint ufänken, sech negativ auszewierken. D'Federal Reserve kann hir moderat Kaarten net ausspillen, well d'Inflatioun zéi bleift, och wann de Servicesecteur, de Verbrauch an den Aarbechtsmaart ufänken, u Faart ze verléieren. An der Tëschenzäit léisst den ale Kontinent eng schwaach Rezessioun hannert sech an d'Inflatioun berouegt sech an der Eurozon, wat der EZB Sputt fir Zënssenkungen am Juni gëtt. Mir mengen, datt dat d'Viraussetzunge schaaft, fir déi relativ gënschteg europäesch Aktien nei kënnen ze bewäerten.

 

Makro-Hannergrond

Déi al europäesch Wirtschaft ass amgaang erëm op d'Been ze kommen no enger schwaacher Rezessioun an der zweeter Hallschecht vum leschte Joer. D'Wuesstum huet sech am 1. Trimestser nees erkrabbelt (0,3 % géintiwwer den erwaarten 0,1 %) a mir mengen, datt ab elo, dat Schlëmmst vum Ofschwong eriwwer ass, ausser et kéim en onerwaarte Schock. Den Opwärtstrend bei den zesummegesatene PMIen, de wuessende Servicesecteur an eng besser Stëmmung, loossen eis eng lues Erhuelung iwwer de Rescht vum Joer erwaarden. Ee Schlësselfaktor, deen dës Virausso ënnerstëtzt, ass dat graduellt Opliewe vum Verbrauch, well déi europäesch Stéit hir Erspuernesser aus der Pandemieära nach net grouss reduzéiert hunn, wärend d'Realléin weider wuessen.

Dat, wat e méi staarken Opschwong an der Eurozon verhënnert, ass de verstäerkten Ofschwong am Produktiounssecteur, dee sech schonn iwwer 13 Méint hinzitt. Däitschland, dem Block säin traditionelle Wuesstumsmotor, ass dovun onverhältnesméisseg staark betraff, well d'Produktioun ëm déi 20 % vu sengem BIP (am Verglach zu ongeféier 15 % vun der gesamter Eurozon-Ekonomie) ausmécht. Deemno ass déi geoekonomesch Divisioun tëschent Nord- a Südeuropa och manner staark ausgepräägt ewéi an der Vergaangenheet.

E weidere Facteur, deen d'Potenzial vun der Eurozon deckelt ass en Zesummespill vu strukturelle Problemer, iwwer déi scho vill geschriwwe gouf. Erfreelecherweis schéngt et ewéi wann dës Problemer op der politescher Agenda erëm méi no uewe geréckelt wieren, well déi europäesch Staats- a Regierungscheffe bestrieft sinn, d'Dynamik erëm unzekuerbelen. Däitschland zum Beispill probéiert et mat Steiervergënschtegungen, fir d'Leit ze motivéieren, méi Stonnen ze schaffen.

Déi noloossend Inflatioun (laut den neiste Publikatioune bei 2,4 %) hält eng Zënssenkung am Juni weider am Gespréich, wat der Wirtschaft en zousätzlechen Opdriff versprécht. Den Tempo vun den Zënssenkungen steet nach ëmmer zur Debatt an hänkt gréisstendeels vun dréi Schlësselfacteuren of: de Léin, dem weidere Réckgang vun der zéier Inflatioun am Servicesecteur, an der Fed hirer Moossnamestrategie (ze vill Divergenz kéint zu engem schwaachen Euro an esou zu importéierter Inflatioun féieren).

Déi US-amerikanesch Ekonomie verléiert e wéineg u Faart. Dat 1. Trimester ass hanner den Erwaardungen zeréckbliwwen, mat engem Wuesstumsréckgang vun 3,4 % op 1,6 % am Trimesterverglach vis-à-vis vun den erwaarten 2,5 %. D'PMIe ginn zeréck (esouwuel den ISM Services- ewéi och de Manufacturing-Index erreeche < 50) an d'Verbraucherstëmmung leet sech, elo wou sech Rëss um Aarbechtsmaart opdinn (d'Kënnegungstauxe sinn op 2,1 % gefall, d'Lounwuesstem léisst no, d'Verhältnes vun fräie Plazen zu Aarbechtssichenden ass op 2 vun 1,32 erofgaang). Nodeem sech d'Nofro iwwer zwee Joer opgestaut huet, deelweis duerch Kredikaartescholden an ausstoend Bezuelungen, staatlech Mesuren an den Ofbau vun Erspuernesiwwerschëss, leeft de Verbrauchsmotor dëst Joer lues an de Risiko besteet, datt dat, wat déi méi schwaach Stéit elo scho spieren, sech op d'Mëttelklass iwwerdréit virum Hannergrond vun de laangfristeg méi héijen Zënsen.

Den US CPI-Inflatiounsindex ass zwar vun 3,5 % op 3,4 % am Joresverglach gesonk, mee bleift nach e gutt Stéck ënner dem 2%-Zil. De Fed Chair Jerome Powell kommentéiert dozou: „Mir musse gedëlleg sinn an déi restriktiv Mesuren hir Aarbecht maache loossen“, a léisst d'Mäert a Bezuch op d'Moossnamestrategie vun der Fed am Vagen. Hiert Positionnement, dat op der Datelag baséiert, kéint bedeiten, datt d'Mäert a Publikatioune vu wirtschaftleche Schlësseldaten zimmlech volatil ausgesinn.

A China huet d'BIP-Wuesstum vum 1. Trimester mat 5,3 % vis-à-vis vun den erwaarte 4,6 % positiv iwwerrascht. Dat berout gréisstendeels um Export (d'PMIe weisen dorop hin, datt dëse Beräich an de kommende Méint staark bleiwe kéint). Déi national Demande bleift awer schwaach, well d'Verbraucher ëmmer méi präisbewosst ginn an d'Wirtschaft kokettéiert weiderhi mat enger Deflatioun. E gréissere Risiko geet vun den neien US-Zolltariffer aus. Nieft enger Tariferhéijung vu 25 % op 100 % fir Elektrogefierer, klammen d'Tariffer zudeem vu 7,5 % op 25 % op Lithiumbatterien, vun 0 % op 25 % op Mineraler, vu 25 % op 50 % op Solarzellen a vu 25 % op 50 % op Semiconducteuren.

Investissementsentscheedunge vun eiser Assetallokatioun vum 14. Mee

Aktien

2024 bleift d'Wirtschaftswuesstum an Europa warscheinlech hannert deem vun den USA zeréck, esou ewéi och an de leschten zwee Joer. Mee, mir hu verschidde Facteure beobacht, déi dorop hiweisen, datt déi europäesch Aktien en zweete Bléck verdéngen.

D'Eurozon brauch eng Zënssenkung sécher méi néideg ewéi d'USA. De Virdeel dovun ass, datt deemno méi Kloerheet bei der EZB-Moossnamestrategie besteet. Gläichzäiteg leien déi amerikanesch Resultatserwaardungen op engem ganz héijen Niveau, wat grousse Raum fir Enttäuschunge léisst, wärend déi an Europa méi moderat sinn. Europäesch Aktie ginn zu engem däitlech méi déiwe Präis ewéi hir amerikanesch Equivalenter gehandelt (den S&P 500 gëtt ongeféier 50% méi héich ewéi de Stoxx 600 gehandelt), obwuel gläichzäiteg 2024, e Rekordjoer fir d'Dividendenausschëddung an Europa ze erwaarden ass. Et muss ee bedenken, datt den europäeschen Aktiemaart net gläichbedeitend mat der europäescher Wirtschaft ass; d'Entreprisë bezéie méi ewéi 50 % vun hire Revenuen aus dem europäeschen Ausland.

Schlussendlech ginn et och manner Eventrisiken an Europa. Den Ament ass de relative Status quo d'Resultat vun den Europawalen. An den USA ass de Maart net nëmme ganz empfindlech fir all aktuell Makro-Datepunkten, mee och d'Resultater vu féierenden Entreprisen ewéi Nvidia hunn d'Muecht, de Maart an déi eng oder déi aner Richtung ze katapultéieren. Zudeem ass déi bevirstoend Presidentschaftswal staark polariséiert an huet d'Potenzial relativ toxesch ze ginn.

Virum Hannergrond vun deenen Entwécklungen hu mir eng Transaktioun, déi mir leschte Mount initiéiert hunn, weider ausgebaut, an eist US-Aktieniwwergewiicht zu Gonschte vun Europa reduzéiert.

Mir hunn deen EUR-hedged-Undeel vum US-Aktieportefeuille liquidéiert, am Glawen, datt déi laangfristeg méi héich Zënsen, dem Dollar erméigleche kéinten, seng Stäerkt an den nächste Méint ze behalen. Bei den Héichrisikoprofiller si mir derzou iwwergaang, eist US-Dollar-Engagement ze vergréisseren, andeem mir 3,5 % vun den EUR-hedged US-Aktienengagementer an en net-gehedgeden Equivalent ëmgewandelt hunn.

Dem Kommitee ass och de chineeseschen Aktien hir rezent Erhuelung net entgaang, mee gesäit dëst awer just als Bear Market Rally, eng nëmme kuerzzäiteg Maarterhuelung wärend enger allgemenger Baisse, an ass deemno net bereet anzesteigen.

Bei eisem Aktieportefeuille hu mir verschidde sektoriell Upassunge gemaach.

Obwuel mir weider europäesch Netbasiskonsumgidder virzéien, hu mir d'US-Equivalenter op neutral erofgesat: Den Eenzelhandel an de Wunnengsbausecteur si staark, mee déi amerikanesch Autoshiersteller warne virun engem schwieregen nächste Joer, virum Hannergrond vu klammende Käschten, schwaacher Elektrogefier-Demande an enger Intensivéierung vum Präiskrich um chineesesch Maart.

Deementspriechend hu mir d'US Kommunikatiounsservicer vun neutral op positiv eropgesat. D'Kommunikatiounsaktien hunn d'Erträg fir d'S&P 500-Secteuren dëst Joer ugeféiert, mee d'Bewäertunge bleiwe gedréckt. Wann een dem Secteur seng dräi deierst Entreprisen ewechhëlt, kritt en den zweetgënschtegste Forward-Multiple vun allen 11 GICS-Secteuren (no Immobilien).

Energie gouf vu positiv op neutral eropgesat (d'Pëtrolsaktien hunn elo déi klammend Réiuelegpräisser ageholl), wärend d'Versuerger (e méi defensive Choix) op positiv gesat goufen. Weider Zënserhéijunge sinn onwarscheinlech, wat dësem zënssazempfindleche Secteur gutt deet an deementspriechend d'Dynamik vun der Demande virdeelhaft erschénge léisst: eng 10 – 15%eg Steigerung bei der Demande fir Stroum geet op d'Datenzenteren zeréck, zudeem kéint och de steigende Gebrauch vun Elektrogefier d'Eleztrizitéitsdemande weider verstäerken. Erneierbar Energië gi liicht favoriséiert, well dës mat laangfristege Präisverträg schaffen, wärend den Drock, dee vun de Käschten ausgeet, ofhëlt. D'Resultater vun den US-Versuerger sinn am 1. Trimester ëm 26,7 % an d'Luucht geschoss, deen zweethéchste Wuesstum vun alle Secteuren.

Fest Rendementer

Eis Allokatioun vun de feste Rendementer bleift bestoen, mat enger Preferenz fir European Investment Grade (IG-) Corporates an High-Yields.

Och wann d'Spreads enk sinn, behale mir weider gär European Investment Grade Corporates a gesinn den Ament esou wäit kee wierklechen Ausléiser, fir de Spread däitlech ze vergréisseren. An den USA allerdéngs bidden d'IGen wéineg Risikoprimm an deemno erschéngen eis an deem Maart Treasuries méi attraktiv.

Bei den High-Yields misst den inkrementellen Ertrag d'Performanz undreiwen, an deementspriechend gesi mir Potenzial fir e Weiderbestoe vun der positiver Dynamik trotz zimmlech iwwerzunne Bewäertungen. Mir betounen d'Qualitéit am Auswielprozess.

Hisiichtlech de volatillen Erwaardunge betreffend d'Zentralbankstrategie si mir retizent, d'Duratioun zu dësem Zäitpunkt weider ze erhéijen.

Conclusioun

Bei eiser leschter Assetallokatioun hu mir eist US-Aktienengagement zu Gonschte vun Europa weider reduzéiert, wat bedeit, datt mir elo en neutraalt Positionnement a béid Regiounen hunn (d. h. plus ou moins, ofhängeg vum Risikoprofil). D'Eurozon-Inflatioun léisst no, wat der EZB Sputt gëtt, eng Zënssenkung am Juni unzekënnegen, déi frësche Wand kéint an d'Wirtschaft bréngen. Der Fed hiert Erauszögere vun den Zënssenkungen an hiert Waarden op méi Sécherheet, datt d’Inflatioun dauerhaft um Wee zeréck bei d'2%-Zil ass, kéint sech déi aner Säit vum Atlantik fir vill amerikanesch Stéit an Entreprisen ewéi e grausame Summer ufillen. Dat kéint sech allerdéngs ongënschteg op déi méi schwaach Stéit mat Scholden an déi méi kleng Entreprisë mat engem manner grousse Coussin u Boergeldreserven auswierken.

[1] Obwuel d'Tournée zu béide Säite vum Atlantik gespillt gëtt, huet den europäeschen Deel vun der Eras-Tournée méi Amerikaer.innen ugezunn ewéi d'Olympiad zu Paräis dëse Summer.


More

June 24, 2024

Bilboard

BILBoard – Summer 2024

Trotz de restriktive monetäre Bedéngungen, huet sech d'Weltwirtschaft an der éischter Hallschecht vun 2024 erstaunlech gutt gehal. Un dësem Punkt schéngt se erëm nei a...

April 25, 2024

Bilboard

BILBoard Mee 2024 – Faktencheck Zënss...

De leschte Mount huet eng Rei vun onerwaart staarken Daten aus den USA bruecht, déi weider d'Iddi vun engem „no-landing scenario“, engem Zenario „ouni Landung“...

April 3, 2024

Bilboard

BILBoard Abrëll 2024 – Sandverlagerun...

D'Sandbänken an der Investissementslandschaft hu sech deemno verlagert, datt et schéngt ewéi wann d'Haaptzentralbanken d'Inflatioun ënner Kontroll bruecht hätten, ouni en déiwe Wirtschaftsofschwong auszeléisen. Gläichzäiteg...

February 27, 2024

Bilboard

BILBoard Mäerz 2024 – Méi optimistesc...

D'Fréijoer steet virun der Dier. D'Deeg ginn e bësse méi laang a frëndlech an de Kiischtebam um Grondstéck vun der BIL ass schonn an der...

All articles